🎅 ËMFRO – Kleeschen-Aktioun 2026 🎅
Als eicht wollt ech een groussen Merci soen dat dir esou gutt un der Ëmfro deel geholl hutt.
An hei elo endgülteg Resultat vun der Ëmfro.
Déi al Richtpräisser fir Buchungen:
-
- 75 € – bis 10 Kanner
- 100 € – 11 bis 20 Kanner
- 150 € – iwwer 20 Kanner
- Clipp, Schoulen, Gemengen – op Ufro
Froen an Äntwerten
Et koumen 43 ausgefëllten Ëmfro-Äntwerten eran.
1) Fannt Dir dës Präisser passend?
-
- Jo, absolut passend 12 28%
- Jo, mee ech wier bereet e bësse méi ze bezuelen 30 70%
- Ech fannen d’Präisser éischter ze héich 1 2%
- Ech hu keng Meenung dozou 0 0%
Resultat 43 100%
2) Wär Dir bereet, fräiwëlleg méi bäizedroen, wann de ganze Montant engem gudden Zweck zoukënnt?
-
- Jo, bis 100€ 14 33%
- Jo, bis 125€ 9 21%
- Jo, bis 150€ 19 44%
- Nee, ech géif beim Basispräis bleiwen 1 2%
- Ech géif gär selwer en Montant bestëmmen 0 0%
Resultat 43 100%
3) Wéi géift Dir am léifsten buchen?
-
- Fixe Präis wéi uewen 39 91%
- Fixe Mindestpräis + fräiwëlleg Don 4 9%
Resultat 43 100%
Laut der Ëmfro no ass den Kleeschen elo zur follgender Conclusioun komm:
Nei Richtpräisser fir Buchungen:
-
- 100 € – bis 5 Kanner
- 125 € – 5 bis 15 Kanner
- 175 € – iwwer 15 Kanner
- Clipp, Schoulen, Gemengen – op Ufro
Dënn Kleeschen seet iech MERCI vir äert gutt matschaffen an freet sech och dëst Joer erëm vir bei iech laanscht zekommen.
