Iwwer mech
Mäi Numm ass Jules Weber, an ech hunn Kleeschen an Houseker mat engem Kolleg aus engem einfache Grond gegrënnt:
Mir wëllen Kanner, déi et schwéier hunn, e Stéck Freed an Hoffnung an dëser spezieller Zäit vum Joer ginn.
Ech spillen zanter Joren de Kleeschen an de Houseker fir sozial a karitativ Zwecker. Dobäi hunn ech vill Famillen kenne geléiert, déi net déi nämmlecht Méiglechkeeten hunn wéi aner, a grad dës Kanner leien mir besonnesch um Häerz.
Iwwer d’Aktioun
D’Aktioun Kleeschen an Houseker ass eng privat a fräiwëlleg Initiativ, déi drop ausgeriicht ass:
– Kanner aus finanziell oder sozial schwéieren Situatiounen ze ënnerstëtzen
– Klenge symbolesche Cadeauen ze verschenken
– Familljen e Moment vu Liichtegkeet ze ginn
– D’Kanner un Traditiounen a Wäerter erunzeféieren
All Dat, wat mir maachen, geschitt mat vill Léift, Zäit a Respekt.
All Don, all Cadeau an all Wuert vun Ënnerstëtzung hëlleft dozou bäi, sou vill Kanner wéi méiglech ze beréieren.
Ech setzen mech dofir an, datt keen Kand sech vergiess oder eleng fillt, besonnesch an der Zäit vum Kleeschen a Chrëschtdag.
