Hëllef fir eng Famill mat zwee Kanner
Famill an Nout – Zesumme kënne mir hëllefen
Eng Famill mat zwee Kanner huet sech a grousser Nout un mech gewannt.
Si lieft zënter ronn annerhallef Joer ouni Stroum an ass trotz all Efforten net méi an der Lag, dës extrem schwiereg Situatioun eleng ze meeschteren.
Ongewollt ass d’Famill a finanziell Schwieregkeete geroden. Trotz grousser Ustrengungen a ville Schrëtt, déi si ënnerholl huet, konnt bis haut keng dauerhaft Léisung fonnt ginn. Liewen ouni Stroum bedeit am Alldag eng immens Belaaschtung – besonnesch fir d’Kanner.
Duerch dës Spendenaktioun wëll ech, zesumme mam Kleeschen an den Housécker, der Famill sou séier wéi méiglech hëllefen, fir hir Basisversuergung nees hierzestellen an hinnen erëm e Stéck Sécherheet an Normalitéit zeréckzeginn.
Woufir ginn d’Spende benotzt?
D’Spenden déngen ausschliisslech dozou:
- déi néideg Schrëtt ze maachen, fir de Stroum nees unzeschléissen
- d’Basisversuergung vun der Famill ofzesécheren
All Spende – egal wéi kleng – mécht en Ënnerscheed.
Am Numm vun der Famill soen ech Iech vun Häerzen villmools Merci fir Är Solidaritéit, Är Ënnerstëtzung an Äert Vertrauen.
Link:

